Key to Classics
Princeps musicae
Den Giovanni Pierluigi da Palestrina hat zu Roum all wichteg musikalesch Funktiounen an der kathoulescher Kierch a gehéiert zu deene bedeitendste Komponiste vu Sakralmusek. Seng Wierker haten e wesentlechen Afloss op d'Erneierung vun der Kierchemusek am 19. Joerhonnert, op den Cäcilianismus, d'Wuerzel vu ville Kierchechéier och hei zu Lëtzebuerg.
De Palestrina huet awer net just Kierchemusek geschriwwen. Och seng weltlech Wierker hu Jalone gesat. Dem Palestrina seng Musek war an der Renaissance den Héichpunkt vum méistëmmege Chouergesang. Net fir näischt gouf de Komponist "Princeps musicae" - den Héchste vun alle Museker genannt.