Radioen

On air

De Weekend  |  Modjo - Lady (Hear Me Tonight)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik aktuell

100komma7.lu / Klassik aktuell

/ D'Zala Kravos spillt Scriabine

D'Zala Kravos spillt Scriabine

D'Zala Kravos ass eng jonk Pianistin, déi ënner anerem beim Jean Müller am Stater Conservatoire studéiert huet. Hiren Début-CD "Zala", deen 2018 erauskoum, krut an der Fachpress exzellent Kritiken. D'Pianistin ass am gaangen, sech nieft hire Studien eng international Karriär opzebauen. D'Zala Kravos mécht en Donneschdeg (4.2.2021) d'Ouverture vum Pianosfestival am CAPE mat Scriabine, Schumann a Chopin. De Manuel Ribeiro huet mat hir geschwat.

Musek

Episoden

Mozart Wochen Eifel 2018

Mozart Wochen Eifel 2018

De Mozart, Zäitgenossen an aner Wiener Klassiker op engem Festival vum 28. Oktober bis 30. November 2018.

Happy Birthday Lennie - 100!

Muer (25.8.2018) ginn 100 Joer Leonard Bernstein gefeiert.

A Light in the Dark

Nei CD mat der Pianistin Sabine Weyer mat Schostakowitsch

Musek am Asatz géint Kriminalitéit

Live Filmmusek aus der Serie "Lindenstraße" - d'Berliner S-Bunn wëllt mat atonaler Musek Krimineller aus hire Gare verdreiwen.

Letzte Dinge

D'Kammeroper an néng Biller feiert hir Uropféierung.

Virtual Reality Experimenter mat Klassik

Virtual Reality Experimenter bei enger Oper zu Halle - an Dir gitt gewuer, wie mam Leonard Bernstein Präis ausgezeechent gouf.

Festival International pour Mandolines et Guitares

Zu Iechternach am Trifolion

320 Joer Guarneri del Gesù

Nieft dem Geiefabrikant Stradivari war den italienesche Luthier Guarneri grad esou bekannt.

Eng seele gespillten Uergel an onbekannt Komponisten

Den tschecheschen Organist Pavel Cerny proposéiert e Recital an der Kierch am Gronn.

Kompositiounsconcoursen zu Tréier an zu Berlin

Am Concours Wilde Lieder - Marx.Music goufen d'Gewënner verëffentlecht. Déi polnesch Komponistin Agata Zubel gouf mam Europäesche Komponistepräis 2018 ausgezeechent.

Onermiddlechen Ensembel Artemandoline

Vakanzenzäit gëtt et fir vill Museker keng. Artemandoline schafft weider un zwou neien CD-Produktiounen.

De Karl Marx a Musek, eng Oper, an en Direktiounsconcours

Nouvellen aus der Welt vun der klassescher Musek

La Traviata als Ouverture vun der neier Saison zu Saarbrécken

Première e Sonndeg 26.8.2018 vun der "Traviata" vum Verdi zu Saarbrécken am Staatstheater.

E Rekord-Präisgeld, en neie Label an eng ëmstridde Première

Nouvellen aus der Welt vun der klassescher Musek
Die Entführung aus dem Serail, upgedatet

Die Entführung aus dem Serail, upgedatet

Première am Zeltpalast Mertzig ass den 17.8.2018. D'Oper "Die Entführung aus dem Serail", vum W.A. Mozart bleift awer op der Affiche bis den 9. September 2018.

En Cello, eng Opnam an elektronesch Partituren

Nouvellen aus der Welt vun der klassescher Musek

De Rossini a seng Petite Messe Solennelle

Am Kader vum Mosel Musikfestival, de Samschdeg 18.8.2018 um aacht Auer an der Porkierch St. Paulin zu Tréier.

Erënnerung un de Jules Massenet

13. August, Doudesdag vum Jules Massenet. D'Festpiele Erl am Viséier vun der Finanzpolizei.

En Erliefnis fir d'Komponistin Tatsiana Zelianko

D'Tatsiana Zelianko war am Mëttelpunkt vum Museksfestival Ouessant.
headphones

13 min

play_arrow

Wa Musek lauschteren an de Prisong féiert

16 Joer laang eng Arie haart opdréie, kéint an der Slowakei eng Fra dräi Joer Prisong kaschten.