Kultur
Theater: "Moulins à parole" vun der Mahlia Theismann
"Talking Heads", un deem d'Stéck "Moulins à parole" sech inspiréiert, war eng Fernsee-Serie vu 15 Episoden, déi den Alan Bennett, ee vun de bekanntste britteschen Dramaturgen an der 80er Jore fir d'BBC geschriwwen hat.
Fir den TOL ass dat aktuellt Stéck d'Fortsetzung vun engem éischten Deel mat der Véronique Fauconnet, Catherine Marques a Colette Kieffer an de Rollen, dat 2017 opgeféiert gouf. D'Stéck gëtt an dësen Deeg am Studio vum Groussen Theater gewise gëtt, mat deem den TOL eng Koproduktioun agaangen ass. D'Inzenéierung ass vun der 26 Joer jonker Mahlia Theismann. D'Stéck dréit ëm dräi Personnagen a dräi Monologer. De Frédéric Braun war et kucken.