Gezeechent - d'BD vum Mount
François Boucq & Jerome Charyn - New York Cannibals
"New York Cannibals" ass e Thriller, deen 1991 zu New York spillt. De Paul (oder Pavel) ass e russeschen Tattoo-Kënschtler, dee laang Zäit an engem Gulag war an elo fir d'Police Phantom-Biller zeechent. Seng erwuessen Adoptivduechter, d'Tanaka, ass eng Polizistin a Bodybuilderin mat japanesche Wuerzelen.
Sécherlech kéint "New York Cannibals" heiansdo e Gang erofschalten an op Verschiddenes verzichten. Mee de Paul an d'Tanaka si staark Personnagen, déi d'Geschicht droen, an zeechneresch ass d'BD grousse Kino, en opulent Wierk, dat een op all Säit beandrockt, fënnt de Jeff Thoss.