arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Fürsten gibt es Tausende. Beethoven nur einen."
headphones
11 min
Lauschteren
play_arrow
De Ludwig van Beethoven huet sech als fräie Komponist consideréiert, dee Musek just aus eegener Inspiratioun schreift, net am Déngscht vun engem Här fir deem säin Divertissement. Ganz ouni Fërderer aus der Aristokratie ass et awer trotzdeem net fir de Beethoven gaangen. Och hien huet misse kucken, datt en déi néideg finanzielle Mëttelen, datt en Dedicatairë fir seng Wierker fonnt huet. Dat huet de Komponist awer net dervun ofgehalen, am Ëmgang mat den adelegen Häre keen einfachen Zäitgenossen ze sinn.