Klassik aktuell
"Ech sinn e Fan vun CD-Produktiounen"
6 min
![on the headlines](/legacy/images/27236/image-thumb__27236__base_thumbnail/Moog-Brahms%201.c03dc551.jpg)
Vun der Musel an déi grouss Welt. De Pianist Joseph Moog lieft just déi aner Säit vun der Grenz, huet zu Konz een eegene Festival a mécht international Karriär. Dat liest sech och u senger Diskographie. Moog-Opnamen hunn an der Fachpress ëmmer e ganz positiven Echo. Dat gëllt och fir deen neien Disk. No Rachmaninov, Grieg an dem 2. Pianosconcerto vum Brahms ass et elo d'Nummer 1 vum Komponist vun Hamburg, deen de Joseph Moog an där selwechter Konstellatioun erausbréngt - mat der Deutschen Radiophilharmonie ënner der Direktioun vum Nicholas Milton. De Guy Engels huet mam Joseph Moog geschwat.