Panorama
Panorama
Beim Aërdbiewe gëschter a Kroatie koumen op d'mannst siwe Leit ëm d'Liewen. De Bilan riskéiert nach ze klammen
Bei de Corona-Hëllefe fir d'Betriber zu Lëtzebuerg ginn d'Prozeduren als schwéierfälleg kritiséiert. Dem Minister Lex Delles no ass dat awer néideg
Frankräich wëllt d'Ausgangsspären owes verschäerfen. D'Regierung géif plange vum 2. Januar un de Couvre-Feu a verschiddene Regiounen, dorënner de Grand-Est, vun elo 20 Auer owes op 18 Auer vir ze réckelen, esou de Gesondheetsminister
An den USA gouf am Staat Colorado en éischte Fall gemellt vun där neier Variant vum Coronavirus, déi an England detektéiert gouf
An der chineesescher Stad Wuhan, wou de Coronavirus ausgebrach war, hätte méiglecherweis eng hallef Millioun Leit, oder bal fënnef Prozent vun der Populatioun, de Virus scho gehat,esou eng nei chineesesch Etüd
De Brexit Handelsaccord soll haut zu Bréissel a London ënnerschriwwe ginn. Am brittesche Parlament ass de Mëtteg och de Vott iwwer deen Accord