Kultur
ArchitekToun am FerroForum
"Bleift doheem" ass gutt gemengt, mir Iech fält den Daach op de Kapp? Schued eigentlech, well déi eege véier Wänn hu meeschtens vill ze zielen. Fir Decouvertë brauch een natierlech Rou, muss een Aen an Ouere grouss opmaachen.
Den Jamie Reinert an d'Kerstin Thalau zéie vun haut un eemol de Mount, net ëm, mee an interessant Gebaier a këddele mam Mikro Geräischer, Téin, Geschichten eraus. Dat Ganzt ënner dem Titel "ArchitekToun".
Éischt Statioun ass de Stol- an Eise-Site Schëffleng/ Esch-Uelzecht, wou an enger Industriebrooch e Kulturzentrum fir Eisen entstoe soll, e sougenannten "Tiers-Lieu": de FerroForum.