Panorama
Panorama
D'Chamber-Santéskommissioun ass sech eens ginn, fir den Artikel iwwert d'Denonciatiounsflicht fir Mataarbechter aus dem ëffentlechen Déngscht aus dem Gesetzestext iwwert déi nei Corona-Mesuren zeréck ze zéien.
Ufank d'nächst Joer soll den Asaz vu Covid19-Schnelltester ausgebreet ginn. Dofir huet de Santésministère e puer 100.000 Antigentester bestallt, sot eis de Virolog a Responsabele fir Covid-19-Tester bei der Santé, Dr Thomas Dentzer.
Vu Mëtternuecht u sinn nees Flich vu London op Lëtzebuerg erlaabt, ënnert der Konditioun, datt d'Passagéier en negative PCR-Test kënne virweisen.
Groussbritannien huet iwwerdeems all Vol'en a Südafrika gestoppt, wéinst nach enger weider Mutatioun vum Coronavirus déi opgetaucht wier.
Méiglecherweis kéint an den nächste Stonnen, no méintelaangem Seel zéien, endlech en Accord iwwert déi zukünfteg Handelsrelatiounen tëscht der EU a Groussbritannien nom Brexit um Dësch leien.