Konferenzen
Les Dimanches du Chant Grégorien (en paroles) 2020
Benediktiner Abtei vu Clierf "Saint-Maurice-et-Saint-Maur" © Carlo Link
"Les Dimanches du Chant Grégorien" si wéi all Joer am Oktober e feste kulturelle Bestanddeel am Norde vum Land. Organiséiert gi se vun der Benediktiner Abtei vu Clierf an dem CUBE 521 vu Maarnech. Wéinst der sanitärer Situatioun gouf dëst Joer den Akzent op d'Wuert geluecht mat zwou Konferenzen.
Explicatiounen: Odile Simon, artistesch Direktesch am CUBE 521 "Les Dimanches du Chant Grégorien (en paroles) 2020"
"Le chant grégorien - Des origines à nos jours", esou war deen éischte Virtrag vum 11. Oktober vun der Olga Roudakova, chef de chœur vum ensemble vocal "LUX CANTUS", iwwerschriwwen. Un Hand vun Tounbeispiller, déi si selwer virgedroen hat, huet de Publikum awer net ganz op de Gregorianesche Gesank verzichte missen.
Enregistrement a Montage: Carlo Link (an Zesummenaarbecht mam CUBE 521).
Muer den 26. Dezember, op Stiefesdag um 17:03 Auer, brénge mir déi zweet Konferenz vum 18. Oktober, "Le sens musical de la joie religieuse" vum Dom Michel Jorrot, Abt von der Benediktiner Abtei vu Clierf. Hien huet den Akzent op datreliéis Freed am Gregorianesche Gesank gesat.
Olga Roudakova, chef de chœur vum ensemble vocal "LUX CANTUS" https://www.luxcantus.org, fréier Dirigentin vu "Le Chœur grégorien de Paris - Voix de femmes" © Carlo Link
D'Suite vum Virtrag mat ënnert anerem d'21. Joerhonnert: d'Suite lauschteren