Kultur
Luxemburg und der Zweite Weltkrieg - 30er Joren
Maulkuerfgesetz an de Spuenesche Biergerkrich, d'Angscht virun enger Widderhuelung vun de Grujelegkeete vum Éischte Weltkrich, d'Lëtzebuerger Identitéit a Kultur hunn och eng wichteg Plaz an den Discoursen an den 30er Joren an der Lëtzebuerger Gesellschaft. An do spillen Auteuren - déi Lëtzebuergesch an déi auslännesch - eng decisiv Roll.
Am éischte Sall vun der Ausstellung "Luxemburg und der Zweite Weltkrieg", déi elo am Mierscher Literaturarchiv ze gesinn ass, ginn d'Ufäng vun der Besatzungsmuecht gewisen.
D'Valerija Berdi huet sech vun der wëssenschaftlecher Mataarbechterin vum CNL, der Daniela Lieb, duerch d'Ausstellung féiere gelooss.