arrow_back_ios
Klassik aktuell
Vun der Léift an hiren Epreuven
Dem Mozart seng Oper "Die Zauberflöte" hat vun der Uropféierung un enorme Succès. Dat hänkt engersäits un de ville flotte Melodien, anerersäits awer och un der Geschicht - e Märchen ëm Léift an d'Erwuesse ginn. Dat ass awer just een Aspekt vun de villschichtegen Deitunge vun der "Zauberflöte", déi op der Operebün meeschtens als grouss Léier iwwer Humanismus inzenéiert gëtt. D'sechst Schouljoer vun der Waldorfschoul huet "Zauberflöte elo als Héierspill an der Fassung vum Schwäizer Auteur Jakob Streit erausbruecht.