Komponist:in vum Mount
De Ludwig van Beethoven (1770-1827)
Et wonnert e sech, datt bis haut esou eng interessant Figur wéi de Ludwig van Beethoven net vill Regisseuren zu engem Kinosfilm inspiréiert huet. Et gëtt allerdéngs zwee Filmer, déi entweder fir hir Stëmmung oder Acteursperformancen ze nenne sinn. De Klassiker "Un grand amour de Beethoven" vum Abel Gance vun 1937 an "Ludwig van B." vum Bernard Rose vun 1994. Och wann d'Filmer historesch net ëmmer korrekt sinn, bleiwe se wéinst der Musek a wéinst filmographeschen Aspekter interessant. De Manuel Ribeiro an d'Martine Reuter hu sech fir déi zwee Beethoven-Filmer interesséiert.