Kultur
"statt einer ankunft" ...
Fir hire Recueil "statt einer ankunft" ass d'Ulrike Bail mam éischte Präis vum Nationale Literaturconcours 2020 ausgezeechent ginn. Déi originell, gelongen a poetesch Demarche vun der Dichterin ass vum Jury ervirgehuewe ginn. D'Valerija Berdi wollt vun der Ulrike Bail wëssen, wéi dëse Gedichtband entstanen ass. Den zweete Präis goung un de Serge Basso de March an den drëtte Präis un de Paul Mathieu. Den Tom Weber ass de Gewënner vum 1. Präis an der Kategorie " jeunes auteurs de 15-25 ans" Wien bei der Präisiwwerrechung haut den Owend wëll derbäi sinn, dee kann d'Iwwerdrung op mc.gouvernement.lu oder cnl.public.lu verfolge an dat vun 19.30h un.