arrow_back_ios
Album vun der Woch
Salami Rose Joe Louis - Chapters of Zdenka
Als Making Of vun hirem Debut ass "Chapters of Zdenka", déi zweet Plack vun der Salami Rose Joe Louis, eng Visitt am Gerëmpels-Eck. Bedroom-Pop vun där intiimster Zort kann hei op eemol rhythmesch matrappen, wéi op "We're Dumb" oder "Cosmic Dawn", wärend der Songwriterin hir vill superposéiert Stëmmen ënner Landschafte mat grousser Komplexitéit ausmolen. Flott, fënnt de Marc Clement.
Musek
Episoden
Et bleift alles anescht
Ka Popmusek eng Zort Trauerbewältegung sinn? Jo, mengt de britteschen Trio Pale Blue Eyes op sengem neien Album "This House“.
![Méi wéi Léift](/1_Foto/100komma7.lu/48623/image-thumb__48623__base_thumbnail/M%C3%A9i%20w%C3%A9i%20L%C3%A9ift.2847266a.jpg)