arrow_back_ios
Kultur
D'Nika Schmitt an d'Spill mam "Radau Radar"
"En attendant Esch 2022"... presentéiert d'Organisatiounsteam iwwer verschidde Plattformen, zum Beispill an Esch, wat Iech wärend dem Kulturjoer erwaarde wäert a stellt am Konschtcube Annexe 22, op der Brillplaz, interessant Projete vir. Bis den 9. Januar 2021 eng Soundkreatioun vun der Lëtzebuerger Klangkënschtlerin Nika Schmitt, Joergang 1992. "Radau Radar" kléngt e wéineg no ongehuwweltem, chaoteschem Kaméidi, mee d'Kerstin Thalau huet eng subtil Toun-a-Luuchten-Installatioun entdeckt.