Panorama
Panorama
Am Centre Hosptialier du Nord gi wéinst der héijer Zuel vu Covid-Patienten all net urgent an de-programmabel Operatiounen ofgesot, d'Urgencë bleiwen awer assuréiert
Politesch Reaktiounen op d'Verlängerung vun de Corona-Restriktiounen: D'Oppositiounsparteien CSV, Piraten an ADR gesinn Inkoherenzen a keng kloer Kommunikatioun
Den Horesca Secteur ass net iwwerrascht iwwer d'Verlängerung, fuerdert awer elo, datt de Staat zu 100 Prozent de Betriber hire Käschten iwwerhëlt
Eng "verstoppte" Manipulatioun vum Index: Dat reprochéieren déi dräi gréisst Gewerkschaften der Regierung, well si am Budgetsprojet fir d'nächst Joer déi nei CO2 Steier aus dem Präis-Index wéilt eraushuelen
Um EU Sommet zu Bréissel diskutéieren d'EU Staats- a Regierungscheffen haut iwwer en neit Klimazil fir 2030. D'EU Kommissioun huet proposéiert, d'Zäregas-Emissioune misste bis 2030 ëm op d'mannst 55 Prozent am Verglach zu 1990 reduzéiert ginn