Panorama
Panorama
D'Coronarestriktioune bleiwe bis Mëtt Januar a Kraaft, mat punktuelle Verschäerfungen am Commerce. Och iwwert d'Feierdeeg ginn se net méi labber gemaach.
An der Chamber gouf et de Mëtteg gréng Luucht fir eng Hausse vum Mindestloun ëm 2,8 Prozent op den 1. Januar.
D'Deputéiert hunn de Charel Schmit als neien Ombudsman fir Kanner a Jugend designéiert.
No der Gaardenhaischen-Affär koum elo eng weidere Affär ronderëm de fréieren Déifferdenger Buergermeeschter Roberto Traversini un d'Liicht, déi Kéier geet et ëm Loyers-Subventiounen vun deenen hie selwer profitéiert hätt.
Zu Déifferdeng gouf et de Mueren en Aarbechtsaccident mat dräi Schwéierblesséierten.
Kanada autoriséiert de Corona-Impfstoff vu Pfizer a Biontech.
An Däitschland gëtt de 26. September d'nächst Joer en neie Bundestag gewielt.