Klassik aktuell
Ongebremst Leidenschaft
Den Hector Berlioz war schëtzeg fir eppes ze begeeschteren an och grad esou séier um héije Päerd, wann ëm eppes net gaangen ass. Bei der Actrice Harriet Smithson war et eenzock déi grouss Leidenschaft, fir déi de Komponist - no eegenen Aussoen - och vill gelidden huet. Déck zwee Joer huet ë misse waarden, bis en d'Harriet Smithson endlech perséinlech begéint: "À partir de ce jour, je n'eus plus un instant de repos; à des craintes affreuses succédaient des espoirs délirants.". Dat war den 9. Dezember 1832.