Klassik aktuell
"Ech freeë mech drop, op der Bün ze stoen"
Muer feiert déi spuenesch Geiistin Maria Dueñas hiren 18. Gebuertsdag, an awer ass si schonn eng affirméiert Solistin. Virun dräi Joer hat si hiren Debut am Musikverein zu Wien ënner der Direktioun vum Jack Martin Händler. D'Maria Dueñas huet international Präisser gesammelt, war Invitée op bedeitende Festivallen. Dat mécht si alles nieft hirem Museksstudium an der Schoul.
Haut den Owend feiert d'Geiistin hir Première zu Lëtzebuerg mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ënner der Leedung vun hirem Landsmann Gustavo Gimeno.