New Cotton Club
How Insensitive
An deenen éischten zwou Stonne proposéiere mir Iech e Mix vu Standarden an aneres mat Silje Nergaard, Paquito d'Rivera, WDR Big Band, Lisa Wahlandt, Paul Fox Collective, Leana Sealy 5tet, Kenny Burrell, Michael Bublé, Frank an Nancy Sinatra ...
An eiser drëtter Stonn huele mir Iech mat a Brasilie mat Musek vum Antonio Carlos Jobim, de Meeschter vun der Bossa Nova, gespillt a gesonge virun allem vu latäinamerikanesche Kënschtler: Regina Elis, Eliane Elias, Paquito d'Rivera, Astrud Gilberto, mee och den Antonio Carlos Jobim selwer.