Konferenzen
Corona, Pescht a Cholera - Viren, Bakterien a Kränkten
Masse-Krankheeten an Epidemië sinn et an de leschte Joerhonnerten ëmmer scho ginn, zu Lëtzebuerg grad esou gutt wéi anzwousch anescht ... an d'Mënschen hunn iwwerlieft, net all, mee déi meescht. Eleng doduerch, well si a Quarantàn gesat oder konfinéiert gi sinn. An net eréischt bei SARS-CoV-2, mee schonn zanter et Epidemië gëtt. De Kampf géint Epidemië veronsécheren de Mënsch a maachen him Angscht, zemol wann ënner Ëmstänn Mesurë virgeschloe ginn, déi méi kontradiktoresch net kënnen an net konnte sinn.
Mee, aus der Vergaangenheet kënne mer léieren, Krise wéi déi vum Corona ze léisen an Ausweeër ze fannen; mer kënnen erkennen, wou Feeler louchen an ... wou mer Chancë verdoen hunn.
An der Geschicht vun Epidemie a Pandemie verzielt den Historiker Roger Seimetz vun dësen net nëmme wéi, wou a wéini se opkoumen a wéi se verlaf sinn, mee och wéini wien eventuell e Mëttel dogéint entwéckelt huet.
Zu Lëtzebuerg hate mer och déi grouss Epidemien, déi lescht virun honnert Joer. Leider ass keng vun en definitiv aus der Welt!! - Och d'Pescht net, déi souvill Misär verbreet a Mënscheliewe kascht hat.
Datt mer haut awer all viral a bakteriell Plo an de Grëff kéinte kréien (jo all!), steet fest. Och eis Corona-Pandemie. Mer musse just wëllen. Gewosst wéi.
Resumé a Montage: Carlo Link
Audio vum ganze Virtrag: Eng Geschicht vu Pandemien [Online-Versioun]