Panorama
Panorama
No der Annonce vun der Demissioun vun der Direktioun vun der Fondatioun Kräizbierg weist d'Personaldelegatioun sech am 100,7-Interview erliichtert.
Déi nei CO2-Steier verhënnert net, datt d'CO2-Emissioune weider klammen. D'Rechnung vun der Regierung géif also net ganz opgoen, mengt de Statec.
D'Lëtzebuerger Statistikamt huet sech och mam Kafverhale vun de Bierger während dem Confinement an duerno beschäftegt: De "Fait Maison" bleift weiderhin méi beléift wéi virun der Kris.
De President vun der Handelsconfederatioun rechtfäerdegt d'Ofhale vum Black Friday: D'Butteker missten hir Stocke lassginn.
Lëtzebuerg stellt 100.000 Euro bereet, fir den Affer vun den Hurrikanen Eta a Iota an Zentralamerika ze hëllefen
Den internationale Pharmaverband IFPMA warnt virun enger zevill grousser Euphorie wat e méigleche Vaccin géint Covid-19 ubelaangt.
Brexit: Nach ëmmer kee Liicht um Enn vum Tunnel ze gesinn.
Massiv Kritik u Police a Frankräich, no Publikatioun vu Video op deem Polizisten e schwaarze Mann zerschloen.