arrow_back_ios
Kultur
D'"Réalités augmentées" vun der Sandra Lieners
D'Sandra Lieners ass no hire Molereistudien zu Wien an zu Florenz viru 7 Joer zeréck op Lëtzebuerg komm. Ufanks huet si an der Konschtvermëttlung geschafft an an hirer Fräizäit weider gemoolt, ma mëttlerweil leeft et fir di jonk Kënschtlerin esou gutt, datt si sech de ganzen Dag an hirem Atelier op hier Peinture konzentréiere kann. Och a Corona-Zäiten? D'Kerstin Thalau huet d'Sandra Lieners an der Galerie Fellner contemporary begéint, wou si aktuell hier Expo "Réalités augmentées" presentéiert.