Presserevue
Presserevue
An der franséisch-sproocheger Zeitung fënnt een een Interview mam Rapporter vum Projet, dem LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo. Hie gëtt zou, datt den neie Pak vu Moossname verschidden Inkoherenzen hätt: de Gesetzesprojet géif net d'Unanimitéit maachen, mee e wäert gestëmmt ginn, seet den LSAP-Politiker. Generell géif et ëm de Message goen, d'Kontakter esou wäit wéi méiglech ze reduzéieren.
Et géife keng Alternativen zu Disziplin an Intelligenz ginn, betount de President vun der Chamber-Gesondheets-Kommissioun am Quotidien-Interview.
D'Presserevue vum Serge Kesseler.