Presserevue
Presserevue
Besonnesch virun de Luxus-Geschäfter hätten et e Samschdeg laang Schlaange ginn, schreift d'Lëtzebuerger Wort. D'Groussgaass wier reegelrecht iwwerlaf gewiescht. Vill Leit géife sech wéi et schéngt Suerge maachen, datt si wéinst engem méigleche Lockdown keng Chrëschtdags-Akeef méi kéinte maachen, a si hätten dowéinst virgesuergt. Vill Passante wieren aus dem belschen a franséische Grenzgebitt komm, notéiert d'Wort.
Vun engem "Stadtbummel mit Maske" schreift d'Tageblatt a weist Fotoe vu Schlaange viru Geschäfter.
D'Presserevue vum Serge Kesseler.