Kultur
Kloer "Zeeechen" fir de Lëtzebuerger Buchpräis
An engem ganz klenge Kader goufe gëschter Owend an der Nationalbibliothéik d'Gewënner vum Lëtzebuerg Buchpräis ausgezeechent. Fënnef Präisser fir dräi Bicher, zweemol gouf d'Kannerbuch "De Wëlle leeft am Bësch" vun der Diane Orban a Myriam Karels (Editions Schortgen) ausgezeechent, genee wéi d'Biographie "Großherzogin Marie Adelheid von Luxemburg" vun der Josiane Weber (Editions Guy Binsfeld). An der Kategorie Literatur huet "Zeeechen" vum Samuel Hamen a Marc Angel de Buchpräis kritt (Editions Guy Binsfeld). D'Valerija Berdi mat Detailer.