Gezeechent - d'BD vum Mount
"Unfollow" vum Lukas Jüliger
D'Graphic Novel Unfollow ass eng Parabel op zäitgenëssesch Jugendkultur a Jugendbeweegungen. Si erzielt d'Geschicht vum Earthboi, enger Mëschung aus Greta Thunberg a Social-Media-Influencer, en Ëmwelt-Aktivist, dee säi Message iwwert YouTube-Videoen an Instagram-Posts verbreet an domat zu engem Messias fir ëmweltbewosst jonk Leit gëtt. Beschriwwe gëtt dat alles aus der Perspektiv vum Earthboi sengen éischte Follower a "Jünger", déi vollkomme vun him iwwerzeegt sinn.
Unfollow ass an engem ganz reegelméissegen an douce Stil gezeechent. Dem Lukas Jüliger geléngt et, mat dem rouege a "léiwe" Stil an dem optimisteschen Text eng Atmosphär ze erschafen, déi mat der Zäit ëmmer méi onheemlech a grujeleg gëtt. Wann een dem Enn vum Buch méi no kënnt, gëtt et kloer, wourop d'radikal Beweegung, déi den Earthboi inspiréiert huet, erausleeft, mee laang Zäit muss ee genau liesen a kucken. Doranner läit de Reiz vun Unfollow, dat aus eiser Öko- an Internetkultur eng Fiktioun erschaaft, déi heiansdo geféierlech no un der Realitéit ass.