Gezeechent - d'BD vum Mount
Sophie Yanow - The Contradictions
The Contradictions ass eng autobiografesch Graphic Novel, an där d'Sophie Yanow op seng Studienzäit zeréckkuckt, speziell op d'Frëndschaft mam Zena, enger Veganerin an Anarchistin, dat et zu Paräis kenneléiert a mat deem et per Autostopp duerch Europa reest. D'Buch erzielt gréisstendeels vun där Rees an ass eng Mëschung aus Bildungsroman a Roadmovie.
Et geet vill ëm d'Desillusionéierung vum Erwuesseginn, well als dat grousst Abenteuer erweist sech d'Rees duerch Europa net, ewéi och d'Frëndschaft vun deenen zwou Frae ëmmer méi zesummebrécht. Wat d'Sophie Yanow als Erzielerin auszeechent, dat ass de Bléck op d' Onsécherheet an de Wonsch no Orientéierung vu jonken Erwuessenen, de Widdersproch tëschent der Persoun, déi ee wëll sinn oder virgëtt, ze sinn, an där, déi een ass.
Zeechneresch orientéiert sech d'Yanow um Cartoon an um Comic Strip. Wéineg Strécher gi fir Figuren an Hannergrënn duer, donieft gëtt vill mat Widderhuelungen a klenge Variatioune geschafft. Dëse stilisteschen Understatement fänkt déi niichter Stëmmung vun der Geschicht gutt an. The Contradictions eng sympathesch Graphic Novel, déi mat Humor a vill Sensibilitéit vu jonken Erwuessenen erzielt a mat wéinege Mëttele villes erreecht.