Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Konferenzen

100komma7.lu / Konferenzen

/ Histoire des Médias au Luxembourg

Histoire des Médias au Luxembourg

Yves Steichen (am Hannergrond de Jean Octave 1982 an der Emissioun Hei Elei Kuck Elei op RTL, déi eemol d'Woch sonndes koum) © Carlo Link

Zur Geschicht vu Radio an Televisioun zu Lëtzebuerg:

Als éischt muss een tëschent dem RTL Group (fréier CLR/CLT) a RTL Lëtzebuerg mat de Sendere RTL Radio Lëtzebuerg a RTL Télé Lëtzebuerg, déi zum RTL Group gehéieren, ënnerscheeden. D'Privatentreprise CLR/CLT kritt 1930 déi staatlech Konzessioun (an den de facto Monopol), fir vu Lëtzebuerg aus eng Radio Gesellschaft ze bedreiwen, zu där vun 1959 (Radio) resp. 1969 (Tëlee) un och déi zwee eenzeg lëtzebuergesch Programmer gehéieren. Bis ufanks den 90er Jore gouf et also just zwee lëtzebuergesch Senderen hei am Land. 1991 ännert sech dat duerch d'Liberaliséierung vun de Frequenzen - de Monopol gëtt opgebrach an nei Senderen entstinn.

Richteg interessant gëtt et 1929 - also relativ spéit, wann ee bedenkt, datt de Radio als Kommunikatiounsmedie schonn zanter de fréien 20er Jore verbreet ass. Déi lëtzebuergesch Regierung huet de kommerziellen Interessi erkannt, zu Lëtzebuerg e Radiosender respektiv eng Radio Gesellschaft entstoen ze loossen a beschléisst e Gesetz, dat d'Situatioun reguléiere soll a virgesäit, datt d'Schafung vun engem neie Radiosender zu Lëtzebuerg eng Autorisatioun vun der Regierung brauch. Engersäits wëllt een international net à l'Ecart stoen a sech dëse Maart mat enger neier Source de Revenu net entgoe loossen, anerersäits gesäit een awer och nach kee Besoin fir e lëtzebuergeschen Nationalsender.

Dat, wat een also erlaabt, ass d'Schafung vun enger internationaler Gesellschaft (mat haaptsächlech franséischem Kapital) zu Lëtzebuerg, déi vu Lëtzebuerg aus an Europa senden däerf - mat virgeschriwwener Neutralitéit. Doduerch entsteet eng win-win-Situatioun: D'Lëtzebuerger Regierung muss keng Suen ausgi fir den Opbau vun enger Radiostatioun, kann awer Steiere kasséieren.

( ..... )

1991 - Gesetz zur Liberaliséierung vun de Radiosfrequenzen -

Mam Gesetz zur Liberaliséierung vun de Radiosfrequenze verléiert RTL säi Monopol. Privat wéi ëffentlech-rechtlech Sender kënnen elo entstoen. Als Beispill sief den 100komma7 genannt, en ëffentlech-rechtleche Sender mat soziokulturellem Schwéierpunkt , entstanen op Initiativ vun der Regierung. De "Papp" vum 100komma7 (deemools: De soziokulturelle Radio) ass de Kulturminister Robert Krieps. D'Iddi vun engem Kultur-Radio, dee vum Staat bezuelt gëtt, ass e wichtegt Instrument fir d'Stimuléierung vun der kultureller Produktioun.
Weider nei Sendere sinn den DNR (Den neie Radio) als Alternativ zu RTL, den Eldoradio als Sender fir déi Jonk, de scho genannte Radio Ara, deen nieft Lëtzebuergesch och op Englesch sent, a Radio Latina, dee fir déi portugisesch Matbierger Emissiounen op Portugisesch huet.

Éischte Logo vum soziokulturelle Radio - honnert,7

D'Konferenz vum Yves Steichen, Historiker am Departement fir Film-TV vum Centre National de l'Audiovisuel (CNA), déi mat villen Extraiten aus audiovisuellen Dokumenter aus den CNA Fonge gepräägt war, hat en Iwwerbléck iwwer d'Evolutioun vun der Geschicht vu Radio an Tëlee zu Lëtzebuerg ginn.

Presentatioun a Montage: Carlo Link

Audio-Dokoment 1: Radio Luxembourg 1. Deel - Patch-Radio 2003 Vun der Association Radio-Luxembourg vum François Anen um Speicher an der Beaumontsgass, bis bei déi gréissten Radio- an Televisiouns-Statioun an Europa [Archiven: CLT-UFA / CNA, Produktioun: Radio 100,7 - Carlo Link].

Audio-Dokument 2: Télé Luxembourg Audio-Extraitë aus dem Film vum Andy Bausch vun 2005 Télé Luxembourg - 50 ans [RTL Group / CLT-UFA / CNA].

Audio-Dokument 3: Hei Elei, Kuck Elei 1. / 2. Deel - Patch-Radio 2009 Geschicht vun der éischter Televisiounsemissioun a Lëtzbuerger Sprooch, 1969 [Archiven: CLT-UFA / CNA, Produktioun: Radio 100,7 - Carlo Link].

Déi detailléiert Radio- an Tëleesgeschicht hei op Kulturgeschicht.Lu: https://www.kulturgeschicht.lu/taxonomy/term/29#6

Rotondes Explorations Culturelles: https://www.rotondes.lu/fr/agenda/histoire-des-medias-au-luxembourg-radio-et-television-aux-20e-et-21e-siecles

Resumé vun der Konferenz:

Episoden

"Frühling der Revolution ...

"Frühling der Revolution ...

... Europa 1848/49 und der Kampf für eine neue Welt". Ee Virtrag a Gespréich mam Historiker Christopher Clark
headphones

56 min

play_arrow

Robert Schuman Lecture 2023, les mois de l'Europe zu Esch-Uelzecht

"L'Europe à l'heure des défis: réalités et perspectives", eng Konferenz mam Jean-Claude Juncker vum 7. Juli 2023

"dat huet jo näischt mat mir ze dinn" ...

... Kolonialismus, Rassismus, Diskriminéierung
headphones

60 min

play_arrow

L'Histoire de l'Ukraine ...

... et son usage dans la guerre d'agression de la Russie contre l'Ukraine. Avec les historiens, Tanja Penter et Alain Blum (IPW, Institut Pierre Werner)
headphones

57 min

Robert Schuman et sa Déclaration pour l'Europe 9 mai 1950 ...

... Histoire, actualité et perspectives. "L'Europe n'a pas été faite, nous avons eu la guerre. L'Europe ne se fera pas d'un coup mais dans une construction d'ensemble" (R. Schuman)

"Was nun, Global Citizen?" Am Kader vum Global Citizenship-Zyklus

D'Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun lancéiert 2023 eng nei Serie vu multidisziplinären Eventer ronderëm de Global Citizenship.
headphones

56 min

play_arrow

Influencer-Late-Night-Show

Déi däitsch Auteuren Ole Nymoen a Wolfgang M. Schmitt ginn en Abléck an déi absurd Social-Media-Welt, déi scho laang an der Realitéit ukomm ass. Eng Live-Performance vum 21. Oktober
headphones

60 min

play_arrow

L'islam au défi du fanatisme

Conférence au sujet de la relation entre l'islam et le fanatisme du Père Adrien Candiard, le 18 mars 2022, organisé par l'Institut Pierre Werner

Denkmalschutz quo vadis?

Ronndëschgespréich zum Theema: Denkmalschutz quo vadis?
headphones

57 min

play_arrow

Denkmalschutz quo vadis?

Ronndëschgespréich zum Theema: Denkmalschutz quo vadis?
headphones

57 min

play_arrow

Die Hydra des Dschihadismus - Asiem El Difraoui

E Gespréich mam Auteur, Journalist, Cineast a Wëssenschaftler, Asiem El Difraoui, am Institut Pierre Werner (IPW)

Cette colonie qui nous appartient un peu

Cette colonie qui nous appartient un peu

Conférence dans la cadre de l'exposition temporaire "Le passé colonial du Luxembourg" au MNHA par Régis Moes
headphones

61 min

Die Revolution hat ein weibliches Gesicht

Die Revolution hat ein weibliches Gesicht

Der Fall Belarus - Olga Shparaga: Gespräch vom 9. März 2022 mit der Philosophin Olga Shparaga im Institut Pierre Werner (IPW)
headphones

57 min

play_arrow