arrow_back_ios
Kultur
Dem Joël Leick seng "Territoires" an der BNL
Bis den 12. Dezember presentéiert d'Nationalbibliothéik d'Ausstellung "territoires" vum loutrengesche Kënschtler Joël Leick. De Leick, Joergang 1961, huet ni Konscht studéiert, mee sech autodidaktesch eng Karriär als Moler, Fotograf, Graveur, Dichter an Editeur vu Konschtbicher opgebaut. D'Nationalbibliothéik huet selwer 12 Livres d'artiste vum Joël Leick an hirer Kollektioun. D'Kerstin Thalau hat Geleeënheet, dëse Moler dee schreift, dëse Fotograf dee gravéiert, kennenzeléieren.