No etleche Méint kënnen och d'Enseignanten aus dem Escher Conservatoire nees an engem Concert optrieden. De roude Fuedem vum éischte Concert zanter laangem, iwwermuer Samschdeg 24. Oktober um 20:00 Auer, si populär Theemen, déi a Kammermusekswierker verschafft goufen. Ee vun de Museker op der Bün ass den Cellist Jean Halsdorf, mat deem de Manuel Ribeiro geschwat huet.
arrow_back_ios