Moossnamen zur Bekämpfung vun engem Virus, dee wuel ni ganz verschwanne wäert, dierften d'Normalitéit vun deenen nächste Jore bestëmmen. Mee wat méiglecherweis gutt ass géint de Virus, a sécher e fonnteFriesse vun der Symbolpolitik duerstellt, schléit sech och negativ op eist Zesummeliewen an op eis Stëmmungen nidder.
Moral, Aggressioun a Beschämung sinn elo Deel gi vun enger neier Normalitéit, déi vläicht kee wëllt, mee déi verschiddener mat Enthusiasmus ausnotzen. E fräie Mikro vum Psychanalyst an Auteur Thierry Simonelli.