arrow_back_ios
Klassik aktuell
Musek fir Bléiser
Mat Musek fir Bléiser - Quintett a Sextett - geet et an déi nei Saison vun de Concerts apéritif, déi d'Amis de l'OPL organiséieren. Iwwermuer Sonndeg stinn de Markus Brönnimann (Flütt), de Philippe Gonzalez (Hautbois), de Jean-Philippe Vivier (Klarinett), den Emmanuel Chaussade (Bass-Klarinett), de François Baptiste (Fagott) an den Andrew Young (Cor) - alles Museker vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg - op der Bün am groussen Auditorium vun der Philharmonie.
Episoden
Eng "stëll Chrëschtnuecht" mat Akkordeon
Ee gesellschaftskritesche Concert mat Humor a ville Facette presentéieren d'Josée Bourg an den Akkordeonist Frin Wolter.
La harpe à Paris
E Concert Actart am Stater Conservatoire, bei deem d'Harf am Vierdergrond steet.
"Et ass elo schonn ee Succès"
Dat seet de Claude Weber iwwer déi zweet Editioun vum Salon de Helen Buchholtz am Bridderhaus zu Esch (6.11.-1.12.)
"Sie ging ja nur vorbei"
Eng Concertsserie, déi d'Liewensgeschichte vu bekannte Komponistinne beliicht a sech beim nächste Concert op d'Dora Pejačević fokusséiert.
Advent mam Bruckner
D'Maîtrise séngt hiren traditionelle Concert "Au Seuil de l'Avent" mat engem Programm, deen zu 100 Prozent aus Bruckner besteet. Dëst Joer awer net wéi gewinnt mam OCL, mee mam Estro Armonico.
Rainy Days 2024
Bei de Rainy Days dréit sech 2024 alles ëm d'Extremer.
Rainy Days 2024
Bei de Rainy Days dréit sech 2024 alles ëm d'Extreemer.
Prix Anne et Françoise Groben
Haut den Owend ass den 100,7 live dobäi, wa fënneft jonk Kandidate géinteneen untrieden. Den Haaptpräis sinn 10.000 €.
Filmmusek tëschent Bach an Techno
Fir de Francesco Tristano stellt d'Musek d’Géigewaart a Fro, andeems se sech op d’Vergaangenheet bezitt. Genee dat beweist hien am Ciné-Concert, bei deem hie mam Hayato Sumino Musek zum Stommfilm “Asphalt” spillt.
"Virun allem fillen ech staark Léift"
De Johan Perdigão spillt dem Robert Schumann säi Concerto fir Piano
