Kultur
Steve Kaspar
De Lëtzebuerger Kënschtler Steve Kaspar, ass gëschter am Alter vun 68 Joer gestuerwen. Hien huet no Lëtzebuerg, laang an England an an der Belsch gelieft, wou en als Moler extrem produktiv war. Op engem Konschtfestival a Südfrankräich hat hien an den 1980eger den argentinesch-däitsche Komponist Mauricio Kagel kenne geléiert, deen hien a seng Kompositiounsklass fir den neie Musektheater zu Köln opgeholl huet. Zanter 1997 war de Steve Kaspar nees zu Lëtzebuerg an hat sech séier en Numm als experimentelle Sound-a Videoinstallatioune-Kënschtler gemaach. Hien war am Abrëll eisen Invité an der Emissioun B-Radio an d'Kerstin Thalau huet mat him iwwer Konscht, Akademien, Corona a Verschwierungstheorie geschwat.