arrow_back_ios
Presserevue
Presserevue
Zeréck an den Normalzoustand goen, ass en Desaster, seet de Rob Hopkins, Initiateur vun der Transition Beweegung am Interview mat der Wochenzeitung Woxx. Den Alexander Skupin vun der Covid-19-Taskforce mengt am Tageblatt, déi nächst zwou Woche géife spannend gi fir ze kucken, wéi vill d'Coronavirus-Infektiounen nach wäerte klammen. An am Wort Artikel iwwer den Jimmy Hendrix gëtt ee gewuer, datt dee legendäre Gittarist 1967, wéi hien zu Lëtzebuerg war, an engem Café op der Place d'Armes an der Stad net zerwéiert gouf.