arrow_back_ios
Kultur
Dat neit Schëfflenger "Konschthaus"
D'Schëfflenger Gemeng wollt vum neie Wand vu Vakanz doheem profitéieren, fir dëse Summer hiert "Konschthaus" ze inauguréieren. Bis muer ginn net wäit vu Gemeng a Kierch op der Nr. 2, avenue de la Libération, op 200m2 an zwee Stäck, 40 Konschtwierker presentéiert, déi an d'Sammlung vun der Commune gehéieren. An duerno? Wéi geet et weider? Wat sinn d'Pläng fir 2022? Dat ass d'Kerstin Thalau vun der frëschgebakener Galeristin Claudia D'Inca gewuer ginn.