Kultur
Bettye LaVette - Blackbirds
D'Bettye LaVette huet als Opener den Anti-Rassismus-Song "Strange Fruit" matgeholl, deen d'Billie Holiday 1939 fir d'éischt opgeholl huet, nom Lynchmord un engem schwaarzen Amerikaner ënnen an de Südstaaten.
"Blackbirds" ass awer - trotz dësem Lidd - kee politeschen Album an Zäite vu "make white america great" a "Black Lives Matters": et sinn néng Lidder, déi schwaarz Sängerinnen am Original interpretéiert hunn an déi déi haut 73 järeg LaVette an hirem Liewe begleet hunn. E ganz rouegen Album, gepräägt vun der souleger an intensiver Stëmm vun der Musekerin, si hëlt sech Lidder u vun ë. a. Billie Holiday, Nina Simone, Dinah Washington, Ruth Brown, Nancy Wilson ...
"Blackbirds" koum um Label Verve eraus an de Fred Medernach stellt de Release vir.