Aktuelles
Gaart an Heem: De Gemeinschaftsbongert zu Kielen
E Gemeinschaftbongert an eng enorm Begeeschterung:
Vill Leit hunn hautdesdaags keng Plaz ronderëm hiert Haus fir e puer Uebstbeem ze planzen. Duerch de Projet Gemeinschaftsbongert zu Kielen kruten eng ronn honner Famillen d'Méiglechkeet Pätter oder Giedel vun engem oder méi Uebstbeem ze ginn. Am November 2019 war et esou wäit: 250 Héichstamm-Uebstbeem goufe geplanzt: Kiischten, Mirabellen, Prommen, Quetschen, Quidden, Bieren an Äppel. De soziale Gedanke spillt och eng grouss Roll bei esou engem Projet. A wann déi éischt richteg Recoltë bis do sinn, dann ass déi vill Aarbecht virdru séier vergiess. De Joël Adam vun der Kielener Gaart an Heem Sektioun ass Invité beim Angie Maquil.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)