Aktuelles
Eng Serie mat der Ëmweltberodung Lëtzebuerg (EBL). Aféierung - 1/8
D'Ëmweltberodung Lëtzebuerg (EBL) gouf 1992 als onofhängeg an neutral Ëmweltberodungs-Organisatioun gegrënnt fir de preventiven Ëmweltschutz op Gemengenniveau.
Wéi viru bal 30 Joer hunn déi éischt kommunal Ëmweltberoder hei am Land d'EBL gegrënnt fir sech ze federéieren, sech auszetauschen a weiderzebilden a fir zu Ëmwelttheemen ze beroden. Dëst Grondprinzip gëllt och haut nach.
D'EBL gräift esou virun allem de Gemengen, awer och Organisatiounen an Entreprisen bei hiren Ëmweltprojeten ënner d'Äerm.
Aktuell Memberszuelen:
55 Abonnente-Gemengen (iwwer 80 Prozent vun der Landespopulatioun)
15 Organisatiounen, Syndikater oder Entreprisen
47 Privatmemberen
Aktuell Theemefelder:
Offallmanagement / Littering
Waasserschutz / Drénkwaasser
Energie
Mobilitéit Naturschutz / Biodiversitéit
Gréngflächemanagement / Wëllblummewisen
Stad- a Siddlungsentwécklung
Klimaschutz Économie circulaire
Schutz vun de Bestëpserinsekten / Bildung fir nohalteg Entwécklung
Digitaliséierung ëffentlechen Akaf
Sechs dynamesch Beroder a Beroderinne vun der EBL kommen an den nächste Wochen d'ASBL virstellen:
De Michel Wilwert, Nils Leches, Marianne Kolmesch an de Gil Kirchen.
Eng Serie vum Angie Maquil.
Invité am éischten Deel ass den Nils Leches, déngschteelste Mataarbechter bei der EBL
Weider Info op www.ebl.lu
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)