Aktuelles
Eng Serie mat der Ëmweltberodung Lëtzebuerg (EBL). Geld spueren - 2/8
Geld spueren duerch Energie spueren
D'Beroder vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg (EBL) erklären, wéi mer doheem Energie spuere kënnen, wat net nëmmen der Ëmwelt, mee och eisem Portmonnie guttdeet.
Onofhängeg vun enger Technik, bei där een Energie spuere kann, kann een och selwer duerch dat richtegt Verhale bis zu 15 Prozent Energie aspueren. Dëst gëllt fir d'Heizenergie, awer och fir Stroum a beim Waasserverbrauch. Am Alldag gëtt et eng Rei ganz einfach Tricke fir dëst ze maachen. Doduerch hëlleft een net just der Ëmwelt, mee et spuert een och nach Geld.
Duschen amplaz an d'Bidden ze goen
WC: Waasser Stop abauen, wa méiglech
Armaturen abauen an de Krinn, déi Waasser spueren
Spullmaschinn a Wäschmaschinn just umaachen, wa se gutt gefëllt sinn
Geméis an Uebst iwwer enger Schossel wäschen (d'Waasser fir ze nëtzen notzen)
Gaart moies oder owes nätzen. Buedem mat Mulch bedecken, esou bleift dëse méi laang fiicht. Reewaasser notzen
Ganz banal: Krunnewaasser drénken. Dat spuert Käschte par rapport zum Flächewaasser
Weider Informatiounen ginn et vum Nils Leches vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg. Eng Serie vum Angie Maquil
http://www.ebl.lu
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)