Aktuelles
Eng Serie mat der Ëmweltberodung Lëtzebuerg (EBL). Transforma - 4/8
When Design Meets Circular Economy.
Ëmwelttheeme ginn ëmmer méi Theema an de Schoulen. Och d'EBL ass zanter e puer Joer mat hirem Projet Transforma an de Schoulen ënnerwee. Bei der Transforma-Challenge geet et drëms Kanner a Jugendlecher mat Kreativitéit a praktesche Beispiller eppes iwwer Nohaltegkeet a Kreeslafwirtschaft bäizebréngen.
D'Transforma-Challenge ass net nëmme fir Schoulklassen, et kenne sech och Privatpersounen oder Leit aus der Industrie mellen.
Detailer vum ebl-Projet: Alles wat mir benotzen a kafe kënnen, ass eemol vun engem entworf ginn.
Praktesch Funktioune wéi z. B. d'Sécherheet, Fleege- a Benotzer-Frëndlechkeet
Sënnlech Funktiounen, dozou zielen z. B. Faarwen a Bedierfnesser der Zilgrupp upassen
Ekologesch Funktiounen: Et ass wichteg ze wëssen, wéi de Liewenszyklus vum Produit verleeft, wéi en entsuergt gëtt a reparéiert ka ginn
Wirtschaftlech Funktiounen ëmschléissen: z. B. d'Materialien, Präis, Transportopwand
Schonn am Joer 2018/19 gouf et zwee Gewënner. Eemol huet den Edouard gewonnen, dee sech als Privatpersoun ugemellt huet. Deen zweete Gewënner war den Alexis, aus der 3D-Klass vum LTAM. Dem Alexis seng Schachtel kann ee mëttlerweil och um Letzshop kafen.
Wéi sech den Transforma Atelier genee zesummesetzt, a wéi e sech iwwer d'Jore verännert huet ass d'Theema am Gespréich mam Gil Kirchen, vun der EBL, der Ëmweltberodung Lëtzebuerg. Eng Serie vum Angie Maquil.
http://www.ebl.lu
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)