Aktuelles
Jughurtsfabrick: Schaarf Kritik vu siwe Gemengen
Schaarf Kritik vu siwe Südgemenge laanscht d'Uelzecht, dorënner Beetebuerg, um Projet vu Fage an der nationaler Industriezone tëscht Beetebuerg an Diddeleng: D'Envergure vun der Jughurtsfabrick wier iwwerdriwwen, heescht et an de schrëftlechen Avise vum schwaarz-gréng-bloe Schäfferot vu Beetebuerg a vun de siwe Südgemenge vum Contrat de rivière du Bassin Supérieur de l'Alzette, am deem Beetebuerg och Member ass.
D'Produktioun vun 80 Millioune Kilo Jughurt pro Joer wier net nohalteg, net ekologesch a géif d'Ressourcen net schounen. D'Autoritéite ginn opgeruff, Fage keng Betribsgeneemegung ze ginn.
E Bäitrag vum Jean-Claude Franck.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)