Zäithistoriker
Am politeschen Exil zu Paräis (1915-1918)
0 min
Eng Konstant, déi ee bei Gruppen a Mouvementer am Exil ka gesinn, ass Oneenegkeet a Rivalitéiten tëschent politesche Richtungen an Interessen, grad esou wéi d'Schwieregkeet fir aus dem Exil d'Verbindung ze hale mam Heemechtsland, aus deem ee geflücht ass, sief et wéinst Krich oder politescher Verfollgung.
Dëse Constat gëllt och fir déi Lëtzebuerger Komiteeën an Associatiounen, déi sech zu Paräis am Éischte Weltkrich forméiert haten, fir déi vill fräiwëlleg Lëtzebuerger materiell a moralesch ze ënnerstëtzen, déi sech bereet erkläert hu bei Krichsausbroch am August 1914 op Säite vun Frankräich ze kämpfen.
Den Zäithistoriker Jacques Maas mat Hannergrënn