Zäithistoriker
D'Frae gi wielen
September 1919, ganz genee virun 100 Joer war Lëtzebuerg ganz opgereegt. Fraen a Männer musse sech fir d'Zukunft vum Grand-Duché entscheeden. Et ass déi éischte Kéier, datt am Land e Referendum organiséiert gëtt, déi éischte Kéier, datt d'Fraen an d'Männer iwwer 21 Joer wiele ginn an déi éischte Kéier, datt si eng politesch an ekonomesch Decisioun - Unioun mat der Belsch oder mat Frankräich - den 28. September mussen treffen.
Wéi huet déi parteiesch Press vun deemools d'Argumenter vun de Politiker an der Chamber a vu Feministinne virugeleet? Wat gouf iwwer déi politesch Gläichheet an den Zeitungen ausgeriicht?