Aktuelles
Eng Serie mat der Ëmweltberodung Lëtzebuerg (EBL) - Pestiziden 7/8
En naturnoe flotte Gaart ouni Pestiziden. Gréng an ouni Steng mat enger Kannerstuff fir d'Päiperleken.
E Gaart, deen och net vill Aarbecht mécht. D'Ëmweltberodung Lëtzebuerg EBL gëtt en Abléck mat prakteschen Illustratiounen, wéi een an engem naturnoe Gaart, mat wéineg Opwand, eppes fir d'Natur a fir d'Biodiversitéit maache kann.
Zanter méi wéi zéng Joer setzt d'Campagne Ouni Pestiziden sech a fir eng Reduktioun vum Gebrauch u Pestiziden, och am private Beräich. Op den ëffentleche Flächen ass den Asaz vu Pestiziden zanter 2016 verbueden, do ass d'EBL net ganz onschëlleg drun.
Wou de Wee an der Landwirtschaft nach laang ass, well et e wirtschaftlechen Impakt gëtt an de Bauer ëmdenke muss, do ass et doheem am Gaart a ronderëm d'Haus ëm sou méi einfach dat ëmzesetzen. Et brauch ee sech just ze decidéiere keng Pestiziden méi ze huelen. D'Marianne Kollmesch vun der Ëmweltberodung informéiert. Eng Serie vum Angie Maquil
http://www.ebl.lu
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)