arrow_back_ios
Schwéierpunkt
Revolutiounen: Vum Modal Split zu MODU 2.0
D'Zil ass ambitiéis: Bis 2025 soll d'Zuel vun deene Leit, déi den ëffentlechen Transport benotzen ëm 50 Prozent klammen. Erreecht gi soll dat duerch nei Infrastrukture bei den CFL an der Reorganisatioun beim Busreseau RGTR. Ass de Wee op d'Aarbecht méi kuerz wéi fënnef Kilometer, soll een de Vëlo huelen, ass d'Distanz manner wéi ee Kilometer, soll een ze Fouss goen. Wat elo den Individualverkéier ugeet, kréien d'Elektromobilitéit, de Car-Sharing an de Co-Voiturage Prioritéit.
Politik a Gesellschaft