Album vun der Woch
Jyoti - Mama, You Can Bet!
Op "Mama, You Can Bet!" gëtt eckeg gesampelt, heiansdo operatesch gesongen, fräi improviséiert an elektronesch gekniwwelt. Der Georgia Ann-Muldrow hir Musek wierkt wéi e Kaleidoskop, wou d'Geschicht vun der schwaarzer Musek vum leschte Joerhonnert fragmentéiert verbonne gëtt. An dobäi fléisst alles aus enger eenzeger kreativer Kraaft eraus. D'Georgia Ann Muldrow huet alles selwer agespillt, arrangéiert a produzéiert. Ausser vläicht ee Saxophon, deen huet déi renomméiert Lakeica Benjamin gespillt. Et huet een et hei op alle Fall mat enger determinéierter an zerebraler Kënschtlerin ze dinn, wou d'Gefill awer ëmmer am Virdergrond steet. Presentéiert vum Jamie Reinert.
Episoden
Afterhours am Proffenzëmmer
Mat "Jassbusters Two" kéiert de Connan Mockasin nees a säi verdreemte Mikrokosmos vun enger Proffeband zeréck. Easy Listening fir déi sënnlech Stonnen.
Richard Dawson & Circle - Henki
En engleschen Troubadour trëfft op eng finnesch Metalband. D'Resultat ass e Fest vun der Musek.
Richard Dawson & Circle - Henki
En engleschen Troubadour trëfft op eng finnesch Metalband. D'Resultat ass e Fest vun der Musek.
Vanishing Twin - Ookii Gekkou
Vanishing Twin sinn een hallef labberen Zesummeschloss aus Museker, déi sech zu London kennegeléiert hunn ...
Joan As Police Woman, Tony Allen, Dave Okumu - The Solution is Restless
Der Joan Wasser hir nei Plack geet ënner d'Haut.
Joan As Police Woman, Tony Allen, Dave Okumu - The Solution is Restless
Der Joan Wasser hir nei Plack geet ënner d'Haut.
Hand Habits - Fun House
Ënn Oktober koum den drëtte Longplayer "Fun House" vun Hand Habits eraus. Et ass e Volltreffer, net just fir d'Fans vum handgemaachten an éierlechen Indierock.
Hand Habits - Fun House
Ënn Oktober koum den drëtte Longplayer "Fun House" vun Hand Habits eraus. Et ass e Volltreffer, net just fir d'Fans vum handgemaachten an éierlechen Indierock.
Voka Gentle - WRITHING!
De Konscht-Pop-Trio vu London verféiert op hirem neien Opus mat engem komesche Misch-Masch fir chaotesch Zäiten.
Helado Negro - Far In
Deen neie Longplayer vum Amerikaner bréngt Liicht an d'Däischtert.
Helado Negro - Far In
Deen neie Longplayer vum Amerikaner bréngt Liicht an d'Däischtert.
En eklekteschen Trip duerch d'Sphäre vun der Léift
Ënner dem Pseudonym Princess Century huet déi kanadesch Musekerin Maya Postepski elo hiren drëtten Disk, "s u r r e n d e r" , erausbruecht, op deem si fir d'éischte Kéier och selwer séngt.

![Suuns - The Witness](/legacy/images/29645/image-thumb__29645__base_thumbnail/SUUNS.ea702f27.jpg)