Album vun der Woch
Jyoti - Mama, You Can Bet!
Op "Mama, You Can Bet!" gëtt eckeg gesampelt, heiansdo operatesch gesongen, fräi improviséiert an elektronesch gekniwwelt. Der Georgia Ann-Muldrow hir Musek wierkt wéi e Kaleidoskop, wou d'Geschicht vun der schwaarzer Musek vum leschte Joerhonnert fragmentéiert verbonne gëtt. An dobäi fléisst alles aus enger eenzeger kreativer Kraaft eraus. D'Georgia Ann Muldrow huet alles selwer agespillt, arrangéiert a produzéiert. Ausser vläicht ee Saxophon, deen huet déi renomméiert Lakeica Benjamin gespillt. Et huet een et hei op alle Fall mat enger determinéierter an zerebraler Kënschtlerin ze dinn, wou d'Gefill awer ëmmer am Virdergrond steet. Presentéiert vum Jamie Reinert.
Episoden
Et bleift alles anescht
Ka Popmusek eng Zort Trauerbewältegung sinn? Jo, mengt de britteschen Trio Pale Blue Eyes op sengem neien Album "This House“.
![Méi wéi Léift](/1_Foto/100komma7.lu/48623/image-thumb__48623__base_thumbnail/M%C3%A9i%20w%C3%A9i%20L%C3%A9ift.2847266a.jpg)