Album vun der Woch
Jyoti - Mama, You Can Bet!
Op "Mama, You Can Bet!" gëtt eckeg gesampelt, heiansdo operatesch gesongen, fräi improviséiert an elektronesch gekniwwelt. Der Georgia Ann-Muldrow hir Musek wierkt wéi e Kaleidoskop, wou d'Geschicht vun der schwaarzer Musek vum leschte Joerhonnert fragmentéiert verbonne gëtt. An dobäi fléisst alles aus enger eenzeger kreativer Kraaft eraus. D'Georgia Ann Muldrow huet alles selwer agespillt, arrangéiert a produzéiert. Ausser vläicht ee Saxophon, deen huet déi renomméiert Lakeica Benjamin gespillt. Et huet een et hei op alle Fall mat enger determinéierter an zerebraler Kënschtlerin ze dinn, wou d'Gefill awer ëmmer am Virdergrond steet. Presentéiert vum Jamie Reinert.
Episoden
Sasami - Squeeze
D'Sasami Ashworth ass eng japaneschstämmeg Amerikanerin vu Los Angeles, déi eng Bomm op de Synthesizeren ass. Ënner Anerem
Iwwer den Ëmwee vum Alldeeglechen
Op hirem neien Disk "Dragon New Warm Mountain I Believe in You" verloosse Big Thief hire gewinnte Folkrock-Terrain an erfuerschen nei Klanglandschaften.
Iwwer den Ëmwee vum Alldeeglechen
Op hirem neien Disk "Dragon New Warm Mountain I Believe in You" verloosse Big Thief hire gewinnte Folkrock-Terrain an erfuerschen nei Klanglandschaften.
FKA twigs - CAPRISONGS
Trotz hirem neigewonnene Selbstbewosstsi weist sech d'FKA twigs op hirem neie Mixtape "CAPRISONGS" plazeweis immens verletzlech.
FKA twigs - CAPRISONGS
Trotz hirem neigewonnene Selbstbewosstsi weist sech d'FKA twigs op hirem neie Mixtape "CAPRISONGS" plazeweis immens verletzlech.
Cate Le Bon - Pompeii
Op hirem Album "Pompeii" vertount d'Musekerin Cate Le Bon de Pandemie-induzéierten Ermiddungszoustand - mat vill Retrosound an Dadapoesie.
Cate Le Bon - Pompeii
Op hirem Album "Pompeii" vertount d'Musekerin Cate Le Bon de Pandemie-induzéierten Ermiddungszoustand - mat vill Retrosound an Dadapoesie.
![Imarhan - Aboogi](/legacy/images/66694/image-thumb__66694__base_thumbnail/IMARHAN.4fad7e66.jpg)
Imarhan - Aboogi
Den algeeresche Quintett verbënnt d'Traditioun vun den Touareg mat Rock a westlechem Folk.

Molly Nilsson - Extreme
"Extreme" heescht der Molly Nilsson hiren neien Album, op deem si hiren Lo-fi-Pop mat gesellschaftskriteschen Texter fusionéiert.
Molly Nilsson - Extreme
"Extreme" heescht der Molly Nilsson hiren neien Album, op deem si hiren Lo-fi-Pop mat gesellschaftskriteschen Texter fusionéiert.
![Jake Xerxes Fussell - Good and Green Again](/legacy/images/65557/image-thumb__65557__base_thumbnail/Jake%20Xerxes%20Fussell%20by%20Tom%20Rankin.8ebcd452.jpg)
Jake Xerxes Fussell - Good and Green Again
De Folk Akademiker bléist nees frësche Wand an al Schanken a liwwert e besënnlecht Wierk mat Stärestëbs.
![Neil Young & Crazy Horse - Barn](/legacy/images/23372/image-thumb__23372__base_thumbnail/Neil%20Young%20%26%20Crazy%20Horse.f2f4d899.jpg)